Mittwoch, 21. Oktober 2015

Mir hunn zwee nei Studios déi mir organiséieren: d'Unzuel u Kanner ass limitéiert an déi éischt si fir (((:
Mir freeen eis op iech!


Mir baken ee Boxemännchen oder eng Boxefrächen !
Wéini: Samsdes den 28. November 2015 vun 14:00 – 17:00
Wou: op eisem Haff „an Hecken“ zu Habscht
Wien: all Kand tëscht 4 an 12 Joër
Wat: mir baken ee Boxemännchen aus Vollkarmiel, mat regionale Produkter! Natirlech passéiere mir dann och nach bei den Déieren a kucken op de Kleeschen eis eppes an dem Bauer seng Stiwwele geluecht huet.
Wéi: meld iech einfach un per Telefon (621 290059), per Mail (nicolewagner@pt.lu) oder iwert Facebook per PN. Fir weider Froen kënnt dir iech gäeren bei mir melden.
Präis: 25 € / Kand. Dir kennt d’Suen den Dag selwer matbrengen.


Wollatelier
Wéini: Samsdes den 12. Dezember 2015 vun 14:00 – 17:00
Wou: op eisem Haff „an Hecken“ zu Habscht
Wien: all Kand tëscht 6 a 16 Joër
Wat: mat Woll kreéieren mir eppes Flottes fir mat Heem ze huelen. Natirlech passéiere mir och bei den Déieren.
Wéi: meld iech einfach un per Telefon (621 290059), per Mail (nicolewagner@pt.lu) oder iwert Facebook per PN. Fir weider Froen kënnt dir iech gäeren bei mir melden.
Präis: 25 € / Kand. Dir kennt d’Suen den Dag selwer matbrengen.

Sonntag, 22. Dezember 2013

den Tusco

Et ass un der Zäit, dass dir main Matarbechter kënne léiert: den Tusco (: Dir kënnt en direkt an Aktioun bewonneren: hie begeeschtert d'Kanner aus dem Précoce genau sou wéi och d'Joffer Nadine a mech sëlwer (:
 
 




  
 

Montag, 18. November 2013

Heck’n Filz

Endlech ass et souwäit: eisen éischten Heck’n Studio ass organiséiert.
Den 07. Dezember 2013 vun 9.30 bis 12.30 filze mir flott Chrëschtdeko oder Chrëschtkaddoen oder wouzou dir Loscht hud.
Präis: 25 € / Persoun
Wann’s du interesséiert bass, da mell dech bei mir per Mail op nicole@anhecken.lu oder ruff mir um Telefon 621 290059 un.



Sonntag, 19. Mai 2013

Eise Bau geet lues a lues virun

Mëttlerweil ass ee Mount vergang an eise Bau geet lues a lues virun. Puer léif Kollegen hëllefe mir bei der Bannenarichtung. D'Toilette steet schon, d'Elektresch ass fäerdeg bis op den Uschloss, d'Boxenaftrennungen wuessen a main Daddy huet schon äifreg Buedem opgetipt. Hei nach e puer Fotoen als Beweis an als Avant-goût (:







Dienstag, 16. April 2013

Hei kënnt dir d'Fotoen vun eisem Bau vum Klengdéierestall gesinn, vun Ufank bis bal fäerdeg (: Et blaiwt awer nach bessi Arbecht bis mir kënnen Aktivitéiten ubidden, och wann et reent. Also nach bëssi Gedould.....